Animéiert Budgetsdebatt

Wann de Gast Gibéryen wéi all Joer seng faméis Ried iwwert de Staatsbudget hält, ass gudden Amusement virprogramméiert. An dobäi huet den ADR-Deputéierten a senger Ried vum 25. Abrëll am Hibléck op den Eescht vun der Situatioun trotzdeem net déi néideg Seriositéit vermësse gelooss: Trotz enger gudder ekonomëscher Situatioun mécht den Zentralstaat en Defizit vu 650 Milliounen Euro. Grad a gudden Zeiten soll ee Reserven opbauen an et hëllef och net, dass d’Regierung en Zukunftsfong fir déi commend Generatioune virgesäit, deen integral duerch Scholde finanzéiert gëtt. Mat zousätzleche Steieren zéien déi gréng de Leit d’Suen aus der Täsch – an hoffen, dat keen et mierkt: Der Ëmwelt geet et dofir net besser; déi schéngt de gréngen iwwerhaapt zimlech egal ze sinn wann een u Monsterprojeten wéi Google oder d’Jugurtsfabréck denkt, déi en enorm héije Ressourceverbrauch – net nëmmen un Drénkwaasser – hunn. Parallel dozou stellt sech d’Fro, wou Lëtzebuerg an Zukunft iwwerhaapt nach proppert Drénkwaasser soll hierhuelen. Gambia 2 setzt weider op stramme Wuesstem an denkt net u muer – zu Laaschte vun de kommende Generatiounen.

De Gast Gibéryen deponéiert dann och eng Motioun iwwert eng nohalteg Finanzentwécklung:

Deel dëse Post: