“Androzid” – e Verbriechen, dat tabuiséiert gëtt

“Androzid” ass a ville Länner op der Welt op der Dagesuerdnung. Wat ass domat gemengt, a wéi gesäit d’Regierung dës Form vu Verbriechen? De Fernand Kartheiser freet d’Justizministesch an d’Gläichstellungsministesch:

Fro:

A ville Länner op der Welt gi Männer ëmbruecht, gefoltert oder verstümmelt, well si Männer sinn, sou z.B. ganz aktuell am Ukrain-Krich, wou Dausende vu Männer ëm d’Liewe kommen, well si als wehrflichteg Männer agezu goufen. Donieft ginn et vill aner Forme vun Androzid, wéi z.B. de Maritizid, de Pappemord an de Bruddermord. Och ginn a ville Länner Männer onfräiwëlleg kastréiert, vun deenen der vill un hire Verletzunge stierwen. Trotzdeem ass de Phenomen vum Androzid bis elo en Tabuthema an der EU an zu Lëtzebuerg. Et feelt u konkreten Informatiounen zu dësem Sujet an den Androzid ass och net als spezifescht Verbriechen am Code pénal festgeschriwwen.

An deem Kontext hunn ech folgend Froen un d’Madamme Minister:

  • Wéi steet d’Madamm Gläichstellungsminister zum Begrëff „Androzid“? Huet d’Madamm Minister dee Begrëff an hirer Fonctioun als Gläichstellungsministesch scho benotzt?
  • Erkennt d’Regierung d’Noutwennegkeet un, „Androzid“ als politesche Begrëff ze institutionaliséieren, fir extrem Gewaltverbriechen, déi u Männer begaange ginn, besser bekämpfen ze kënnen?
  • Kann d’Madamm Gläichstellungsminister preziséieren, ob si sech fir d‘Benotzung vum Begrëff „Androzid“ am Joresbericht vum Conseil Violence asetze géif?
  • Envisagéiert d’Madamm Minister, Mesuren ze ergräifen, fir d’Bevëlkerung vum Land iwwer d’Phenomen vum Androzid ze informéieren, z.B. iwwer de Site „Violence.lu“? Wann nee, firwat net?
  • Ginn et Iwwerleeunge bei der Madamm Justizminister, fir de Begrëff „Androzid“ am Code pénal festzeschreiwen? Wann nee, firwat net?

Äntwert:

Déi national Gesetzgebung a Saachen Egalitéit, mä och d’lëtzebuerger Strofrecht, besonnesch am Kontext vu Gewaltverbriechen an all sengen Dimensiounen, si geschlechtsneutral formuléiert.
Deemno riicht sech eis Legislatioun, mä och all aner Präventiounsmesuren an Begleedinstrumenter (wéi z.B. den Internetsite www.violence.lu oder de Comité de coopération entre les professionnels dans le domaine de la lutte contre la violence) souwuel u Fraen wéi och u Männer, un Meedercher wéi och un Jongen gläichermoossen. Aus dësen Ursaachen gesäit des Regierung keng Noutwendegkeet fir op de Begrëff vum Androzid zeréckzegräifen.
Et sief awer och bemierkt, dass de Projet de loi 8032 (“projet de loi complétant le Code pénal par l’introduction d’une circonstance aggravante générale pour les crimes, délits et contraventions commis en raison d’un mobile fondé sur un ou plusieurs des éléments visés à l’article 454 du Code pénal”) et de Geriichter wäert erlaben unzeerkennen, dass eng Persoun wéinst hirem Geschlecht ëmbruecht gouf a soumat eng méi héisch Strof ze schwetzen.

 

Deel dëse Post: