An elo och nach de Postbüro zu Bouneweg!

Eréischt den 12. September huet d’Post public gemaach, datt de Postbüro zu Bouneweg den 30. September seng Diere fir ëmmer zoumécht. Eppes wat ee scho bal als Frechheet bezeechne kann,  dat vis-a-vis vun de ronn 15.000 Awunner aus dem gréisste Quartier vun der Stad, déi sou kuerzfristeg hir Post-Filial ewechgeholl kréien. Bartreng, Klierf, Housen an d’Filial am CHL… datt d’Post-Direktioun am Kader vun hirer Strategie 2015-2025 vill Postbüroen uechtert Land zoumécht, ass zwar scho gewosst, mee datt elo och nach d’Postfilial zu Bouneweg dru gleewe misst, dat war bis dato nach net bekannt gemaach ginn. Zemools eis eeler Matbierger si betraff, vill vun hinne sinn eben nach net am digitalen Zäitalter ënnerwee, a mussen sech elo, fir zum Beispill Sue vun hirem Post-Konto opzehiewen, bis op d’Gare deplacéieren an deels laang Waardezäite mat a Kaf huelen. Den Ersatz, laut Post-Direktioun de „Point Post“ an der fréierer „Kooperativ“(Cactus) zu Bouneweg ass awer keng richteg Alternativ, well een do d’Postservicer bei wäitem net alleguerten an Usproch huele kann. Bis 2025 wëll d’Post uechtert Land nëmmen nach 15 Filiale bedreiwen, wann iwwerhaapt! Léif Post-Direktioun, un ärer Strategie, déi op Käschte vu ville Bierger geet, ka keen Iech hënneren, mee wann Dir alt nees eng Kéier e Büro kuerzfristeg zoumaacht, dann hutt wéinstens den Anstand, fir déi betraffe Bierger mat Zäiten ze informéieren!

Matgedeelt vun der Sektioun Stad Lëtzebuerg

 

Deel dëse Post: