An de Verwaltungen: Lëtzebuergesch obligatoresch an net fakultativ!

D’Actioun Lëtzebuergesch huet an engem Kommunikee, dee si fir d’35 Joer vum Sproochegesetz geschriwwen huet, festgestallt, datt d’Gesetz vum 24. Februar 1984 der aktueller Situatioun vun der Méisproochegkeet hei am Land net méi géing entspriechen. Haut wär Lëtzebuergesch Schreiwen a Liese manner aussergewéinlech wéi 1984, duerfir sollt déi Formel “dans la mesure du possible”, mat där d’Verwaltungen op e Bréif an där Sprooch sollten äntweren, an där si ugeschriwwe goufen, gestrach ginn. Et sollt obligatoresch esou sinn, datt d’Verwaltung an där vun den dräi administrative Sproochen, déi d’Gesetz virgesäit, äntwert, an där si ugeschriwwe gëtt, hat d’Associatioun an hirem Schreiwes vum 18. Februar verlaangt.

Opgegraff gouf dee Virschlag vum Fernand Kartheiser, deen den 20. Februar e Gesetzesvirschlag deposéiert huet, deen d’Sproochegesetz an dësem Sënn ännere soll.

Deel dëse Post: