Amtsaféierung vum neien iranesche President – mat der EU!

Den Donneschdeg, 5. August 2021, gëtt deen neien iranesche President Ibrahim Raisi zu Teheran a säin Amt agefouert. D’Europäesch Unioun gëtt duerch den Enrique Mora, stellvertriedende Generalsekretär vum „Europäeschen Auswäertegen Déngscht“, bei der Zeremonie vertrueden. Israel huet dës Participatioun schaarf kritiséiert, well doduerch eng Legitiméirung vun iraneschen Aggressioune verbonne wier. Israel verweist op déi bluddeg Vergaangenheet vum Ibrahim Raisi, deen als „Schlächter vun Teheran“ um Enn vum irano-irakesche Krich 1988 Dausende vu Regimegéigner brutal hiriichte gelooss huet. Obschonn Israel d’EU zu enger Ofso opgefuerdert huet, bleift d’EU bei hirer Decisioun, fir un där Zeremonie deelzehuelen. Wéi steet déi Lëtzebuerger Regierung zu dëser Participatioun? Krut Lëtzebuerg och eng Invitatioun?

Deel dëse Post: