Altersvirsuerg bei akademescher Auslandskarriär

E pensionéierten Akademiker, dee seng Karriär an der Fuerschung oder der Léier op enger auslännescher Uni gemaach huet, riskéiert grouss An ze maachen, wann hien zeréck op Lëtzebuerg wunne kënnt. Am Verglach mat senge Kollegen hei am Land dierft seng Renteversuergung niddreg sinn, vläicht esouguer ze niddreg fir d’Liewen hei am Land. Et sinn awer esou Leit, déi guer net d’Méiglechkeet haten, virun 2003 zu Lëtzebuerg op enger Uni ze schaffen (well déi do eréischt gegrënnt ginn ass), déi awer zur Renommee vum Land bäigedroen hun. De Fernand Kartheiser probéiert an enger parlamentarescher Fro e puer Usäz wéi esou Leit aktuell an an Zukunft kéinte gehollef kréien.

 

Fro

Lëtzebuerger Akademiker, déi am Ausland als Héichschoulprofesser oder Fuerscher ugestallt waren, kënnen eng béis Iwwerraschung erliewen, wa si hir Pensioun hei am Land wëlle verbréngen. D’Paien am ëffentleche Secteur, inklusiv an der Fuerschung,  am Ausland kommen dacks net un déi lëtzebuergesch erun, an d’ëffentlech Altersvirsuerg ass an deene Länner dacks manner entwéckelt wéi heiheem, esou datt d’Pensiounen deementspriechend méi kleng sinn. Trotzdeem hunn dës Leit an hirer berufflecher Karriär och eppes fir eist d’Land geleescht, an de Ruff vu Lëtzebuerg no bausse vertrueden an engem Beräich, wou mir eréischt zënter 2003 richteg op der Landkaart sinn. Anerersäits ass an der Fuerschung wéi och an der akademescher Léier eng héich Mobilitéit gefrot, bei där eng berufflech Karriär ee bal zwéngend an d’Ausland féiert.

Dowéinst wéilt ech dem Här Minister fir Héichschoul a Fuerschung dës Froe stellen:

  1. Ass d’Regierung sech der prekärer Situatioun bewosst, där Lëtzebuerger Fuerscher an Unisprofesseren kënnen ausgesat sinn, déi am Ausland geschafft hunn?
  2. Ass d’Regierung sech bewosst, datt déi international Mobilitéit an der Léier an an der Fuerschung en normalen an esouguer noutwennegen Deel vun enger akademescher Carrière ass?
  3. Wéi bewäert si, eventuell am Kader vum „Nation Branding“, den Impakt vun akademeschen Aktivitéite vu Lëtzebuerger am Ausland?
  4. Am Fall, wou d’Regierung wéilt, op mannst bei Härtefäll, esou Leit entgéintkommen, wou wären Usazméiglechkeeten? Ass et realistesch, un e Fong ze denken, dee vum FNR kéint ageriicht ginn? Oder un eng Bourse, déi no der berufflecher Karriär fir där hir Dauer kéint ausbezuelt ginn?
  5. Wou gi jonk Lëtzebuerger Akademiker, déi eng Karriär am Ausland an d’A faassen, beroden, fir datt si am Alter net virun esou Problemer stinn? Wéi wäit weess d’Lëtzebuerger Regierung iwwerhaapt, wann e Lëtzebuerger am Ausland en akademesche Posten an der Léier oder der Fuerschung unhëlt?

Äntwert

Gemeinsam Äntwert vum Här Minister fir Héichschoul a Fuerschung an dem Här Minister fir sozial Sécherheet op d’parlamentaresch Fro n° 6278 vum 1. Juni 2022 vum honorabelen Deputéierte Fernand Kartheiser

 D’Regierung ass sech bewosst, dass Lëtzebuerger Fuerscher, Universitéitsprofesseren an am Allgemengen all Lëtzebuerger Staatsbierger, déi hir berufflech Karriär am Ausland verbruecht hunn, oft méi kleng Pensioune kréien, wéi wa se hir Karriär zu Lëtzebuerg gemaach hätten. De Reglement (CE) N° 883/2004 koordinéiert d‘Sozialversécherungssystemer an Europa a reegelt, ënner anerem, och d’Pensiounsberechnung fir Leit, di a méi Länner geschafft hunn. Nieft der EU Reglementatioun huet Lëtzebuerg och nach bilateral Konventioune mat iwwer 35 Länner ofgeschloss. Ee wichtege Prinzip ass d’Totalisatioun vun de Versécherungszäiten aus den eenzele Länner fir d’Urecht op eng Pensioun ze préiwen. Viraussetzung ass natierlech, dass Cotisatiounen an de Länner abezuelt goufen.

D‘Mobilitéit ass e wichtegen Deel an der Karriär vun engem Fuerscher a féiert dozou, dass Fuerscher, egal wéi eng Nationalitéit se hunn, oft hir Karriär a verschiddene Länner maachen an deementspriechend a verschidde Pensiounssystemer abezuelen a vun do aus och verschidden Deeler vu Pensioune kënne kréien.

D’Regierung ass houfereg, dass et ganz vill exzellent Lëtzebuerger Fuerscher an Universitéitsprofesseren am Ausland ginn, déi och reegelméisseg zu Lëtzebuerg agebonne ginn, sief dat bei enger Evaluatioun vun engem Projet oder enger Fuerschungsinstitutioun oder och an engem Verwaltungsrot vun enger Institutioun.

D’Missioune vum nationale Fuerschungsfong FNR gesi vir, dass Fuerschungsaktivitéite kënne finanzéiert ginn, wou och de Salaire vum Fuerscher derzou gehéiert. Seng Mëttele kënnen awer net agesat gi fir Persounen, déi an der Pensioun sinn.

D’Regierung huet sech an de leschte 15 Joer um EU-Niveau dofir agesat, dass jonk Fuerscher wärend dem Doktorat, also vun Ufank u vun hirer Karriär, schonns sozialverséchert sinn, an dat wierkt sech positiv aus op d‘Durée an d‘Héicht vun hiren zukünftege Pensiounen. Säit 2008 ass dëst de Fall fir de Gros vun den Doktoranden an de Fuerschungsinstitutiounen an op der Universitéit Lëtzebuerg.

Deel dëse Post: