Altersdiskriminéierung an der Offizéieschkarriär

De Staat huet rezent an zweeter Instanz eng Geriichtsaffär verluer, wou et ëm d’Eligibilitéit vun engem Kandidat fir d’Offizéieschkarriär an der Arméi goung. De Fernand Kartheiser huet dozou e puer Froen un d’Regierung.

Fro:

De Staat huet rezent an zweeter Instanz eng Geriichtsaffär verluer, wou et ëm d’Eligibilitéit vun engem Kandidat fir d’Offizéieschkarriär an der Arméi goung. Engem bestëmmte Kandidat seng Kandidatur gouf wéinst sengem Alter ecartéiert, obwuel hien de Sportstest ewéi och de schrëftlechen Test mat ganz gudde Resultater bestanen hat an dee Betreffenden ausserdeem och scho Member vun der Arméi war. D’Geriicht huet hei en offensichtleche Fall vun Diskriminatioun erkannt, deen der Verfassung widdersprécht.  De Fall, deen elo schonn e puer Joer zeréckläit, kann iwwerraschen, well et schonn zum Zäitpunkt vun där Decisioun vun där fréierer Regierung weder politesch nach rechtlech ëmstridde wor, datt eng Altersdiskriminéierung prinzipiell net zoulässeg ass.

Wann esou eng Decisioun kënnt, misst een eigentlech kënnen dovun ausgoen, datt de Staat ganz séier säi Bescht mécht, fir d’Onrecht, dat entstanen ass, géintiwwer dem Betraffenen integral ze redresséieren. Verzögerunge kënnen ouni Zweiwel bedeitend negativ Auswierkungen op d’Karriär vun deene Betraffenen hunn.

An deem Kontext wéilt ech der Regierung follgend Froe stellen:

  1. Wéi kann d’Madamm Arméisminister esou eng Rekrutéierungsentscheedung, besonnesch am Kontext vum akute Mangel u qualifizéierte Kandidature fir d’Arméi, erklären? Wéi eng Léieren zitt d’Arméi aus dëser Affär, och fir an Zukunft diskriminatoresch Entscheedunge géint militäresch an zivil Kandidaten, déi bannent der Arméi opsteige wëllen, ze verhënneren?
  2. Ass der Regierung bekannt, ob weider Fäll vun Diskriminéierung bannent dem ëffentlechen Déngscht an deene leschte fënnef Joer opgetratt sinn? Wa jo, wéi vill an aus wéi enge Grënn? Wéi goufen dës Fäll ënnersicht an zu wéi enge Conclusioune sinn déi verantwortlech Instanze komm?
  3. Ginn an deene Fäll, an deenen de Staat e Geriichtsprozess verléiert, all Ustrengungen ënnerholl, fir dat Onrecht, dat eng Persoun duerch de Staat erlidden huet, séier a komplett ze reparéieren? Ginn et Reklamatiounen, well de Staat esou Urteeler net direkt a mat guddem Wëllen ëmsetzt?

Äntwert:

Wat déi éischt Fro betrëfft wéilt d’Verdeedegungsministesch informéieren dass d’Decisioun am Fréijoer 2021 sech dorop baséiert huet, dass am Militärgesetz, wat zu deem Zäitpunkt a Kraaft war, eng Alterslimitt fir Offizéier ze ginn, virgeschriwwe war.
D’europäesch Direktiv 2000/78/CE, déi e generelle Kader fir eng egalitär Behandlung um Aarbechtsmaart an op der Aarbecht setzt (égalité de traitement en matière d’emploi et de travail), gesäit vir, dass d’Memberstaaten, a bestëmmte Fäll, Derogatiounen zum generelle Verbuet vun Diskriminatiounen däerfe festleeën. Dës Méiglechkeet ass am Kader vun enger Modifikatioun vum Staatsbeamtestatut am Joer 2005 esou iwwerholl ginn, sou dass bei der Arméi op Basis vum Artikel 1bis am Staatsbeamtestatut zum Zäitpunkt vun der Decisioun Alterslimitte fir d’Militär bestanen hunn.
Scho virun der Decisioun, op déi den honorabelen Deputéierten sech bezitt, war am Kader vun den Aarbechten zur Revisioun vum Militärgesetz geplangt d’Alterslimitte fir Militär ofzeschafen.
Virun deem Hannergrond gouf de Kandidat an den Examen zougelooss, mam Hiweis dass en d’Alterslimitt net respektéiere géif, mee dass déi deemoleg zoustänneg Ministeren (Ëffentlechen Déngscht a Verdeedegung) iwwerpréiwe géifen, ob eng Derogatioun zu där Alterslimitt méiglech wier.
Leider war keng legal Derogatioun méiglech, sou dass d’Regierung sech un déi am Militärgesetz virgeschriwwen Alterslimitt huet missen halen, fir net géint d’Gesetz ze verstoussen.
Dës Decisioun gouf och an éischter Instanz vum Tribunal administratif den 19. Juli 2023 confirméiert.
Mam Akraafttriede vum Arméisgesetz vum 7. August 2023 goufe sämtlech Alterslimitte fir an d’Arméi ze goen ofgeschaaft.
D’Urteel vun der Cour administrative vum 14. Mäerz 2024 bitt elo nodréiglech d’Méiglechkeet de Kandidat anzestellen. D’Servicer vun der Défense hunn an deem Sënn Kontakt mam Kandidat opgeholl.
Wat déi zweet an drëtt Fro betrëfft, wéilt de Minister fir d’Fonction publique den honorabelen Deputéierten informéieren dass him keng weider Fäll vun Diskriminéierung bekannt sinn.

 

Deel dëse Post: