Altersdiskriminatioun bei de Führerschäiner: De Minister huet säi Wuert net gehalen!

Altersdiskriminatioun bei de Camionsführerschäiner: De Minister Bausch huet säi Wuert net gehalen… De Jeff Engelen haakt dofir no!

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Mobilitéitsminister weiderzeleeden.

De 6. Dezember 2022 hunn ech dem Här Mobilitéitsminister eng Fro gestallt iwwert d’Ofschafe vun der Altersdiskriminatioun bei de Camionsführerschäiner. Dëst betrëfft z.B. déi Leit, déi e gréissere Camper fueren oder awer Sammler vun historesche Gefierer sinn.

Den Här Mobilitéitsminister huet mir deemools geäntwert, datt dat betreffend Reglement de Mäerz 2022 deposéiert gouf an hien domatt rechent, datt de Staatsrot säin Avis am Januar 2023 wäert ofginn, sou datt déi betreffend Reegel am Fréijoer 2023 geännert géif ginn an déi betreffend Leit iwwert 75 Joer dann ab dem Fréijoer erëm kéinte mat hirem Camper an d’Vakanz fueren. Op Nofro beim Mobilitéitsministère heescht et awer, datt dëst Reglement bis haut nach net ëmgesat gouf, well et sech ëm eng Dispositioun géif handelen, déi an engem gréisseren Text agebettet wär, wat d’Prozedur vun der Ëmsetzung méi komplizéiert géif maachen.

An deem Kontext hätt ech folgend Froen un den Här Minister:

  1. Wousst den Här Minister beim Beäntwere vu menger mëndlecher Fro deemools schonn, datt dee vun him genannten Zäitraum fir d’Ëmsetze vun där betreffender Reegel net realistesch, respektiv, schwéier anzehale wär a wousst den Här Minister zu deem Zäitpunkt, datt et sech ëm eng Dispositioun géif handelen, déi an engem gréisseren Text agebettet wär, wat d’Prozedur vun der Ëmsetzung méi komplizéiert géif maachen?
  2. Wou ass d’Prozedur fir d’Ofschafe vun der Altersdiskriminatioun bei de Camionsführerschäiner den Ament drun a wéini kënnen déi betraffe Leit mat der Ëmsetzung vun deem Reglement rechnen?

Mat déiwem Respekt, Jeff Engelen

Deel dëse Post: