Allerlee vu Froen an Äntwerten

Cargolux: De Gast Gibéryen wollt wëssen, wéi d’Peien bei Management an Direktioun vun der Cargolux leien. D’Gesellschaft wëll jo bei de Personalkäschte spueren. Och iwwer de Vote vun de Regierungsvertrieder am Verwaltungsrot an deenen hier Entschiedegungen wollt hien Informatiounen, déi de Minister allerdéngs net liwwert.

Wandanlagen sinn zwar ekologesch, mä an der Déierewelt falen hinnen haaptsächlech Flantermeis zum Affer. De Fernand Kartheiser hat eng Fro zu deem Thema gestallt.

Spionage zu Lëtzebuerg: Eng aner Fro vum Fernand Kartheiser goung em noriichtendéngschtlech Aktivitéiten zu Lëtzebuerg … duerch Däitschland oder d’USA.

Milliounen aus Bréissel: Wat passéiert mat de Milliounen, déi Lëtzebuerg vu Bréissel eremkritt, freet de Fernand Kartheiser weider.

Scheedungskanner: Den ADR-Deputéierte wollt och weider Prezisiounen iwwer d’Suergerecht am Fall vun enger Scheedung.

Lëtzebuerger Sprooch: Firwat de Site www.luxembourg.lu net och a Lëtzebuerger Sprooch ass, wollt de Fernand Kartheiser wëssen.

Bauen zu Lëtzebuerg: Eng aner Fro vun him geet em Detailler zu LENAZ, enger Lëtzebuerger Baunorm. No a no ginn och Froen zu der Neutralitéit vun eenzel Organisatiounen am Kader vum Referendum beäntwert.

TVA: Eng Fro zum Remboursement vun TVA a besonnesche Fäll koum vum Roy Reding.

Deel dëse Post: