Aktualitéitsstonn zum COPRAL

Engagéiert fir eng gutt fonctionéierend Arméi hutt de Süd-Deputéierte Fernand Kartheiser fir den 13. Februar eng Aktualitéitsstonn zum COPRAL ugefrot. Lëtzebuerg huet Rekrutementsproblemer bei den uniforméierte Beruffer. De sougenannte „COPRAL” – Coursen, déi am technesche Lycée zu Ettelbréck ugebuede ginn an zum Zil hunn, jonk Leit op e fräiwëllege Militärdéngscht virzebereeden – stellt eng sënnvoll Piste duer, fir deem entgéintzewierken.

De Fernand Kartheiser intresséiert sech an deem Kontext dofir, wéi eng Resultater dës Coursë bis elo bruecht hunn.

 

Deel dëse Post: