Afghanistan: Kommunikatiouns-Pann vun der Regierung!

Am Kader vun den Taliban hirer Avance an Afghanistan, huet de Lëtzebuerger Verdeedegungsministère laang iwwerhapt net kommunizéiert, fir dann eréischt op Nofro, matzedeelen, datt Lëtzebuerg keng Afghanen am Déngscht vum Lëtzebuerger Contingent agestallt hat. No der Victoire vun den Taliban, ass alt nees net kommunizéiert an domat Spekulatioune iwwer méiglech humanitär Operatioune an en Asaz vum Militärfliger A 400 M fräie Laf gelooss ginn. Kritiséiere sollt ee net den Asaz vun der Arméi fir Leit aus der Regioun ze evakuéieren mee d’Kommunikatiounspolitik vum Verdeedegungsministère. Fir t’éischt huet de Ministère laang näischt gesot an dono ze vill operationell Detailer bekannt ginn. De Verdeedegungsministère muss heiraus léieren a seng Kommunikatiounspolitik am Krisefall däitlech verbesseren! 

 

 

Deel dëse Post: