Affaire “Chefredakter vum Tageblatt”: Parquet gëtt Deputéierten Recht an verwarnt de Chefredakter vum Tageblatt

Den 9. Januar hat den Chefredakter vum Tageblatt déi zwee ADR-Deputéiert Fernand Kartheiser a Fred Keup an der RTL-Emissioun “Presseclub” ënner anerem als “nidderträchteg Knaschtsäck” bezeechent.

Déi zwee Volleksvertrieder hunn doropshin eng Plainte beim Parquet deposéiert. D’ADR huet an deem Zesummenhang betount, datt si onageschränkt zu der Pressefräiheet steet, mee och d’Opfaassung vertrëtt, datt dës net dierf als Deckmantel fir perséinlech Beleedegunge mëssbraucht ginn.

Elo, viru kuerzem, huet de Parquet matgedeelt, datt dësen eng Verwarnung géint dee betreffende Journalist ausgeschwat huet. Domat kruten déi zwee Deputéiert Recht an hir Siichtweis gouf domat bestätegt.

Zu der Meenungs- a Pressefräiheet gehéiert och Verantwortung. Mat dëser Decisioun weist de Parquet dass eist héicht Gutt vun der Meenungsfräiheet net fir perséinlech Beleidegungen ze mëssbrauchen ass.

Nodem de Parquet als neutral Instanz d’Pertinenz vun der Klo festgestallt an eng Verwarnung ausgeschwat huet, gëtt d’ADR den Dossier virun un de Presserot.

Et bleift d’Fro firwat den RTL-Moderator an déi aner Journalisten, déi deen Ament an der Sendung present waren, net op déi perséinlech Beleedegunge reagéiert hunn, fir déi de Parquet elo eng Verwarnung ausgeschwat huet.

Matgedeelt vun der ADR

Deel dëse Post: