Affär “Geheime Casier”: Regierung soll hir Responsabilitéit iwwerhuelen!

Am Dossier “Ju-Cha-Datebank” ass et engersäits ze begréissen, datt gëschter an der Chamber, de Premier Xavier Bettel an déi zoustänneg Ministere kloer Stellung geholl hunn. Op der anerer Säit bleiwen awer nach vill Froen opstoen. Bei der Justiz gouf et en däitleche Mëssbrauch a Saache “Ju-Cha”, an deemno misst d’Regierung dréngend dorobber reagéieren. Mécht si dat net, da misst eng parlamentaresch Enquêtëkommissioun agesat ginn.

De Roy Reding verlaangt datt d’Regierung direkt aktiv gëtt a net eréischt am Hierscht. (Video: 4′ 38”) 

           

Deel dëse Post: