Ännerungen am RGTR-Netz

D’RGTR-Linne goufe rezent nei nummeréiert. Parallel dozou koum et awer och zu vereenzelte Streckenännerungen am RGTR-Reseau.  Esou  gouf z.B. déi fréier RGTR-Linn 682 opgedeelt op zwou Linnen: D’Linn 162 an d’Linn 176. D’Linn 682 ass am 30-Minutten-Takt gefueren, déi nei Linnen (162 an 176) ginn am Stonnentakt gefuer. Dës Ännerung gestalt sich fir vill Benotzer vum ëffentlechen Transport als onpraktesch, well och den Zuch eng 30-Minutten-Frequenz virweise kann. Aus wat fir enge Grënn ass d’Linn 682 a méi Linnen opgedeelt ginn, wat sech am Endeffekt als onpraktesch erweist?

Deel dëse Post: