ADRenalin um EYC Summercamp

Wéi all Joer scho ganz traditionell, war d’ADRenalin, déi jonk ADR och dës Kéier mat enger Delegatioun um EYC Summercamp 2014, vum 13. op de 15. Juni, zu Stockholm a Schwede vertrueden. Hei hat d’ADRenalin op e Neits déi grouss Chance, fir mat internationaler, politescher Prominenz ze diskutéieren, a ganz interessanten a léierräiche Virträg iwwert d’Politik no ze lauschteren. Do donieft ass et awer och deen immens flotten Diskussiounsaustausch mat deenen aneren, konservative Jugendparteien, deen dësem Event säi Charme gëtt. Zesumme mat hinnen, wëlle mir eis europawäit fir d‘Wäerter vu Fräiheet, Demokratie, oppenem Welthandel, souveränen Natiounen, liberaler Philosophie a konservativer Politik asetzen.

Vertruede war d’ADRenalin duerch de Vizepresident a Gemengeconseiller Joe THEIN, de Generalsekretär Gilles CARLIZZI an de Generalkeesjee Edme DE VILLAINES.

Deel dëse Post: