ADRenalin Kongress 2016: Mat Elan op 3 Wahle lass!

Hei de Pressecommuniqué vum 8. Februar 2016:

E Freideg, de 5. Februar 2016 ass de Kongress vun der ADRenalin, déi jonk ADR an der Brasserie du Cercle an der Stad ofgehale ginn. Déi jonk ADR huet wëlles, mat vollem Elan déi nächst dräi wichteg Wahltermäiner hei am Land virzebereeden a stellt fest, datt vill Wahlversprieche grad u Jugendlecher ganz séier vergiess sinn, wann d’Stëmme bis ausgezielt sinn. Och wann d’ADRenalin net blannemänneches op Sondage vertraut, ass d’Jugendorganisatioun frou, datt d’Oppositiounsaarbecht vun hirer Mammepartei ëmmer besser honoréiert gëtt. Dëst beweist, datt d’ADR Politik méi no beim Bierger ass, ewéi déi vun eise Regierungsparteien. An d’Resultat vum Referendum vum 7. Juni war jo méi wéi e Sondage, mä e richtege Strëch duerch d’Gambia-Rechnung. Duerfir gëtt sech äifreg op d’Wahle preparéiert, och well e gesäit, datt d’Wierklechkeet der ADR hire Prognosen emmer méi Recht gëtt, ewéi zum Beispill an der Flüchtlingspolitik.

Den neie Komitee vun der ADRenalin gesäit esou aus:

Presidentin: Joëlle Giannotte
1.Vize-President: Tom Agnes
2. Vize-President: Michel Lemaire
Generalsekretär: Gilles Carlizzi
Generalkeessier: Nathalie Breyer
Weider Membere vum Komitee:
Conny Schut, Joe Thein a Melvin Zimmer

Net méi als President kandidéiert huet de Joe Thein, deen awer weiderhinn am Komitee matschafft. Hie wëll sech ganz op d’Gemengewahlen zu Péiteng konzentréieren, wou hien och aktuell am Gemengerot vertrueden ass. De Komitee wënscht him vill Erfolleg dobäi.
Op dësem Kongress ass den Alex Penning fir säin Engagement an der ADR-J, speider ADRenalin, zum Éierepresident ernannt ginn.

(Foto: ADR Generalsekretär Alex Penning, ADR Nationalpresident Jean Schoos, Michel Lemaire, Tom Agnes, Nathalie Breyer, Joëlle Giannotte, Conny Schut, Gilles Carlizzi, Joe Thein. Et feelt Melvin Zimmer)

Deel dëse Post: