Adrenalin: Flüchtlinger hëllefen mä och u Lëtzebuerger a Nout denken

An engem Pressekommunikeevum 22. September huet adrenalin, déi jonk ADR, gëschter Positioun geholl an der Fro vun der Flüchtlingskris. D’ADR-Jugendorganisatioun läit voll op der Linn vun der Mammepartei. Si fuerdert also de Respekt vun de staatsrehtleche Verflichtungen vu Lëtzebuerg, wat Leit, déi Asyl ufroen oder sech virun engem Krich a Sëcherheet brengen, ugeet. Si fuerdert och, datt Leit, déi aus wirtschaftleche Grënn vun doheem fortginn no deene gesetzleche Virgabe behandelt ginn, déi bestinn. Adrenalin erënnert awer och drun, dat vill Lëtzebuerger, a besonnesch jonk Leit, och a ganz schwierege Situatioune stiechen, grad och wat Wunnengen ugeet. Och déi Leit musse gehollef kréien, fuerdert adrenalin.

Deel dëse Post: