ADR zitt Bilan vum parlamentaresche Joer 2021/2022

Den 20. Juli 2022 huet d’ADR zum Ofschloss vum Chambersjoer, am “Restaurant Schéiss” an der Stad, hiert traditionellt Presse-Iessen ofgehalen. De Schwéierpunkt vun der Ried vum Fernand Kartheiser louch op de wirtschaftlechen a sozialen Erausfuerderungen, déi op d’Land duerkommen, besonnesch am Hibléck op d’Energiekris. De Fernand Kartheiser ass awer och op d’Verfassungsrevisioun agaangen, vun där de 4. Volet lo am éischte Vott duerch d’Chamber gaangen ass. Wéi och schonns beim Presse-Iessen 2021 weist d’ADR déi Wuertspillerei vu Gambia an der CSV, datt et sech nëmmen ëm eng „substanziell Verfassungsreform“ handelt, däitlech zeréck. 

D’ADR-Chambersjoer an Zuelen:

  • D’ADR-Deputéiert hunn 369 schrëftlech parlamentaresch Froe gestallt. Doriwwer eraus véier mëndlech Froen a véier erweidert Froe mat Debat an der Chamber.
  • 38 Entrevuë mat Beruffsverbänn tëscht Juli 2021 a Juli 2022
  • D’Chamber huet iwwer 54 Motioune vun den ADR-Deputéierten ofgestëmmt.
  • D’ADR-Deputéiert hunn zwou Resolutiounen an der Chamber deponéiert.
  • Interpellatioun: Wéi eng Zukunft fir d’europäesch Sécherheet?
  • Aktualitéitsstonn: Verbuet vum Verbrennungsmotor
  • Weider Initiativen
    • Véiermol de Bréif fir den Député Initiateur fir e Referendum ofginn
    • Referendumscampagne – Brochure, zwee Info-Owenter an all Walbezierk
    • Interventioun an der Fro vun der Mandatstrennung vum François Benoy
    • Rappel vun eiser Plainte an der Affär Superdreckskëscht vis-à-vis vum Parquet
Deel dëse Post:
Logo (153x100px)

Mir sinn och op alle soziale Reseauen ze fannen.

ADR

25, rue Notre-Dame L-2240 Luxembourg
11, Biirkelterstrooss L-6552 Berdorf (siège)

info@adr.lu
T: 46 37 42 / 26 20 37 06 (siège)
méindes bis freides 8:00 – 17:00

© All Rights Reserved.

Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.