ADR wierkt!

“Ech hunn d’Arméi beoptraagt, d’Maachbarkeet z’analyséieren, fir ee klengt Detachement an der “NATO Training Capacity Building Missioun in Iraq (NTCBM-I) ze deployéieren (…) D’Detachement soll zu Bagdad am “Force Headquarter” (FHQ) vun der Missioun stationéiert ginn.” Dat war d’Äntwert vum Etienne Schneider vum 4. Juni op eng parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser. Den ADR-Deputéierte wollt wëssen, ob d’Lëtzebuerger Arméi am Irak aktiv wäert ginn.

Nodeems de Verdeedegungsminister dem Fernand Kartheiser geäntwert huet, hunn sech och d’Medie fir de potentiellen Arméi-Asaz am Irak interesséiert.

Krut de Verdeedegungsminister elo kal Féiss? An enger Pressematdeelung  heescht et elo: “(…)le Vice-Premier ministre, ministre de le Défense, Étienne Schneider, a décidé que l’armée luxembourgeoise ne se rendra pas sur le territoire irakien.”

Do kann ee just soen: ADR wierkt!

Deel dëse Post: