ADR wëll méi Ambitioun fir d’Militärspidol!

De Projet vum Militärspidol ass, op Ufro vun der ADR, de 4. Februar 2021 an der Verdeedegungskommissioun vum Här Minister Bausch presentéiert ginn.

D’ADR huet an de leschte Joren ëmmer nees op de Problem higewisen, datt am Lëtzebuerger Gesondheetswiese keng Reservkapazitéiten opgebaut goufen. Dëst huet sech och als e grousse Problem an där aktueller Covid-Kris erausgestallt. Nieft enger Reform vum Spidolsgesetz kann d‘Militärspidol e wichtege Bäitrag dozou leeschten, fir déi Situatioun ze verbesseren an, a Fäll vu Krisen, Attentater, Pandemien a gréissere Katastrophen, déi néideg personell a materiell Ressourcë kuerzfristeg zur Verfügung ze stellen.

Well Lëtzebuerg international staark ënner Drock steet, fir säi Militärbudget ze héijen an d’Militärspidol dem „effort de défense“ kann zougerechent ginn, ass et an den Ae vun der ADR opportun, dee Projet ambitiéis unzegoen. Esou gëtt och garantéiert, datt déi Militärdepensen en eminent nëtzleche medezineschen, sozialen an ekonomesche Retour fir eist Land generéieren.

D’ADR fuerdert dowéinst d’Regierung op, hir aktuell Virstellungen nach ze komplettéieren. Dëst Spidol soll Optiounen am Kontext vun där nationaler an där internationaler Sécherheetslag bidden, awer och fir humanitär Contributiounen zur Verfügung stoen.

D’ADR denkt, datt et nëtzlech wier, zousätzlech zu den aktuell geplangten Infrastrukturen, och Decontaminatiounskapazitéiten am NBC-Beräich (nuklear, biologesch a chemesch) virzegesinn. Am humanitäre Beräich sollt, nom Virbild vu verschiddene skandinavesche Länner, eng Spezialisatioun envisagéiert ginn, fir d’Affer vun der Folter a vu spezifesche Krichsverletzungen ze behandelen. Fir militäresch an humanitär Missiounen am Ausland, z. B.  no Naturkatastrophen, sollt eng Unitéit a Form vun engem „hôpital militaire de campagne“ kënnen deployéiert ginn, dëst mat Hëllef vun de Lofttransportkapazitéite vun der Arméi.

 

Pressematdeelung vum 11. Februar 2021

 

Deel dëse Post: