ADR warnt virun Impfstrategie, déi aner Parteie maachen d’Aen zou!

Gëschter ass an der Chamber eng wichteg ADR-Motioun nëmme vun de 4 Deputéierte vun der ADR gestëmmt ginn! Eng Motioun déi de geplangte Covid-Impfstoffer, kritesch géigeniwwer steet! Alleguerten déi aner Deputéiert hu sech géint d’Motioun ausgeschwat! Dobäi ass et ganz kloer eng Saach vum gesonde Mënscheverstand fir Impfstoffer z’hannerfroen déi eng staark verkierzten Zouloossungsprozedur duerchlaf hunn an an där Form nach ni fir d’Uwennung beim Mënsch agesat gi sinn.Weider sinn och eventuell Niewewierkungen a méiglech Laangzäitwierkungen net op déi Manéier erfuerscht ginn, esou wéi dat bei der Zouloossung vun anere Medikamenter an Impfstoffer gemaach gëtt. D’ADR rifft dofir, ganz bewosst, zu der gréisster Virsiicht op, wat des nei Corona-Impfstoffer ugeet!

Deel dëse Post: