ADR verlaangt eng Ännerung vum Ordre du jour vun der Presidentekonferenz

D’Roll vun der Chamber an enger Noutstandssituatioun ass net einfach. Mee d’Chamber muss drop pochen, datt si et ass, déi d’Regierung kontrolléiert, och an Zäiten, wou dës speziell Pouvoiren huet. D’Chamber ass responsabel fir dat, wat am Land geschitt, well si d’Muecht vun de Wieler kritt huet an d’Aufgab, d’Regierung ze kontrolléieren. Dat als Hannergrond, fir dee Bréif, deen de Fernand Kartheiser un de Chamberpresident Fernand Etgen adresséiert huet. E geet him drëm, d’Formuléierung vum Ordre du jour vun der Chamber-Presidentekonferenz esou ze maachen, datt si dem Auftrag vun der Chamber, wéi en an der Verfassung steet, gerecht gëtt. An dëser Konferenz mat Vertrieder vun alle Gruppen aus dem Parlament sollen de Premierminister an d’Madamm Gesondheetsminister de Vertrieder vun alle Parteie Ried an Äntwert stoen, wat d’Corona-Kris ugeet. 

Den ADR-Deputéierte verlaangt virun allem, datt d’Regierung bei där Geleeënheet eng kloer Exit-Strategie an e Kalenner virleet, wat d’Zukunft vum Land an d’Liewe mam Corona-Virus ubelaangt. Dat ass keng Formalitéit. Wéi sollen zum Beispill Betriber Decisiounen huelen fir hir Aktivitéit ze relancéieren, wa si net kloer wëssen, wou d’Land soll histeieren?

Deel dëse Post: