ADR verlaangt dréngend Sëtzung vun der Schoulkommissioun

No de Pläng, fir Schrack fir Schrack nees mat der Schoul unzefänken, déi den Unterrechtsminister Claude Meisch presentéiert huet, ginn d’Meenungen ausernee. Grond fir de Fernand Kartheiser, fir eng dréngend Sëtzung vun der parlamentarescher Schoulkommissioun ze verlaangen. Dës kann a Corona-Zäite jo iwwer Video lafen. Mee dem ADR-Deputéierte geet et drëm, iwwer d’Modalitéite vum Schoulufank ze diskutéieren an och iwwer d’Alternativ, eventuell eréischt am September mat der Schoul virunzefueren.

Deel dëse Post: