ADR-Tëlee vum 07. Februar

ADR-Tëlee vum 07. Februar 2020 presentéiert vum Dan Hardy

*Ronn 50% vun den elengerzéienden Eltere riskéieren an d‘Aarmut ze rëtschen! E Skandal, an de Jeff Engelen rifft d’Regierung dozou op, den defavoriséierten Elteren ënnert d‘Ärm ze gräifen. Am Interview eng betraffe Mamm!

*Waringo-Rapport: De Gast Gibéryen seet wat Saach ass a wéi d’Reorganisatioun um groussherzoglechen Haff konkret ausgesäit!

*Loosst déi wëll Schof an eise Bëscher liewen! De Roy Reding fënnt et verréckt fir de Mouflon auszerotten sou wéi dat den Ëmweltministère wëlles huet.

*Positiv Mesurë fir d’Automobilisten z’entlaaschten! Dat fuerdert e fréiere Mataarbechter aus dem Transportministère deen eisen Invité ass.

*Massiv Beem uplanze fir eis CO2 Emissiounen ze bannen an erofzekréien, dat fuerdert e jonke Gärtner bei eis am Interview.

ADR-Tëlee vum 07. Februar 2020(Video: 30’07”)

 

Deel dëse Post: