ADR proposéiert: Camionsführerschäin och fir gesond Leit iwwer 75 Joer!

Eeler Matbierger, déi den Alter vu 75 Joer iwwerschratt hunn, verléieren automatesch all Urecht op hire Camionsfürerschäin, onofhängeg dovun, ob den Dokter hinnen zertifiéiert, datt si nach gesond sinn an zum Beispill fir hire Camper dorop ugewise sinn.

D’ADR proposéiert, dëse Leit d’Méiglechkeet ze ginn, de Camionsfürerschäin bis 7,5 Tonnen mat engem Certificat vum Dokter och weider verlängeren ze kënnen.

De Minister äntwert: Dir hutt Recht!

Deel dëse Post: