ADR Proadrpiquet fir de Referendum!

E Freideg, den 8. Oktober, huet d’ADR sech virum Alen Tramsschapp Rendez-vous ginn, fir fir de Referendum ze proadréieren!

Vill Leit haten de Wee op d’Plaz fonnt.

Freideg den Owend 18 Auer: D’ADR huet sech et net huele gelooss, fir bei der sougenannter “Informatiounscampagne” vun der Chamber dobäi ze sinn an op der Plaz fir de Referendum ze proadréieren! 

De Piquet war mat enger ronn 100 Demonstrante gutt besicht an d’Leit hunn hirem Onmutt Loft gemaach.
Mat Calicot’en, selwer gebastelte Schëlder, Trommelen a Päifen, hunn d’Leit drop opmierksam gemaach, datt si de versprachene Referendum wëllen!

Am “Alen Tramsschapp” hu sech du vun 19 Auer un de Chamberpresident Fernand Etgen (DP) souwéi d’Deputéierte Léon Gloden (CSV), Mars Di Bartolomeo (LSAP), Simone Beissel (DP), Charles Margue (Déi Gréng), Nathalie Oberweis (déi Lénk), Marc Goergen (Piratepartei) an de Fernand Kartheiser vun der ADR, déi de Referendum als eenzeg Oppositiounspartei vun Ufank u konsequent verlaangt huet, de Froe vun de Bierger gestallt. 

Obwuel e ganz kuerzfristeg ugekënnegt gouf, huet den Informatiounsowend zu der neier Verfassung breeden Uklang fonnt an et koum zu ganz ugereegten Diskussiounen tëschent de Leit an hire parlamentaresche Representanten.

De Fernand Kartheiser, deen sech no der Versammlung als eenzege Volleksvertrieder och de Froe vun den Demonstrante gestallt huet, gouf fir säi Courage a säi konsequenten Asaz fir de Referendum mat Applaus vun hinnen empfaangen. Hien huet seng Erliefnisser vum Owend follgendermoossen zesummegefaasst:

“Et ware ganz vill Onéierlechkeeten an den Echangë mat de Leit, ganz vill Auswäichungen, ganz vill Versich ze vertuschen, wat wierklech an dem Parlament geschitt, an ech hu fonnt, datt d’Leit oft onéierlech behandelt gi sinn.” Esou de Fernand Kartheiser no der Versammlung.

Vun deenen anere Chambersvertrieder hat eenzeg d’Nathalie Oberweis (déi Lénk) iwwert dem Goen nach e kuerze Statement ofginn.

Ënnerschreift weiderhin, nach bis den 8. November 2021, d’Petitioun Nr°2007: E Referendum iwwert ons Verfassungsreform.

D’ADR entschëllegt sech bei den Awunner am direkten Ëmfeld fir de Kaméidi an hofft ob hiert Versteesdemech. Mir soe Merci dofir. A si distanzéiert sech och vun den “Andrénglengen” am Sall, déi net zur ADR gehéiert hunn!

 

D’Sylvie Mischel am Interview fir d’ADR-Tëlee.
De Mars Di Bartolomeo (LSAP) an de Léon Gloden (CSV) um Wee an déi vun der Chamber organiséiert Infoversammlung.
Den Oppositiounspolitiker Marc Goergen (Piratepartei) um Wee an d’Infoversammlung.
D’Nathalie Oberweis (déi Lénk) um Wee an Infoversammlung.
De Fernand Kartheiser (ADR) zesumme mam Petitionnaire Gérard Koneczny vun der Petitioun Nr°2007.
Den Dan Hardy vun der ADR-Tëlee hat d’Leit op der Plaz am Gespréich.
Proadrpiquet Referendum 08.10.2021 (Foto: Peggy Conrardy)
Ënnert aneren huet och de Parteipresident Dr. Jean Schoos (2.v.l.) um Proadrpiquet deelgeholl.
D’Presidentin vun den ADR-Fraen, Sylvie Mischel, zesumme mam Süd-Deputéierte Fred Keup (ADR) bei der Entrée vum Tramsschapp.
Lautstaark huet d’ADR fir de versprachene Referendum proadréiert.
Eng ronn 100 Leit hate sech virum Tramsschapp versammelt.
Eng ronn 100 Leit haten sech virum Tramsschapp versammelt.
Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, d’Lydie Polfer, huet sech och fir d’Infoversammlung vun der Chamber am Alen Tramsschapp afonnt.
Fraktiounscheffin vun déi Gréng, d’Josée Lorsché, um Wee an d’Infoversammlung.
Och vill aner Leit hu sech mat kreativen Ideeën a selwer gebastelte Schëlder am Tramsschapp versammelt.
Och dës Madamm huet sech mat engem selwer gebastelte Schëld am Tramsschapp versammelt.
Et geet elo duer! D’Regierungsparteien an d’CSV sollen hiert Walversprieche vun 2018 halen a de versprachene Referendum iwwert d’Verfassungsreform maachen!

 

Bis owes no 22 Auer hunn d’Leit virum Tramsschapp proadréiert.
Bis owes no 22 Auer hunn d’Leit virum Tramsschapp proadréiert.
Bis owes no 22 Auer hunn d’Leit virum Tramsschapp proadréiert.
Deel dëse Post: