ADR Presseiessen 2023

De 25. Juli huet d’ADR hiert traditionell Presseiessen ofgehalen an nieft dem Bilan vum aktuelle Chambersjoer och e politesche Réckbléck op déi vergaange Legislaturperiod presentéiert. Fir d’ADR hunn dräi grouss Sujeten déi politesch Aktualitéit dominéiert:

  • déi nei Verfassung;
  • d’COVID-Situatioun;
  • de Krich an der Ukrain;

D’ADR weist sech houfreg, datt si an dësen dräi fundamentalen Debatten all Kéiers all eenzeg eng seriö Alternativ zu de Gambia-Parteien a leider all ze dacks och deenen aneren Oppositiounspartei gebueden huet, déi sech ëmmer rëm op Decisiounen zu gréisst méiglechste Schued vun de Lëtzebuerger Bierger gëeenegt hunn.

Déi vergaange Legislaturperiod vun der ADR an Zuelen:
  • 1822 parlamentaresch Froen;
  • 140 Motiounen;
  • 19 Resolutiounen;
  • 12 Gesetzespropositiounen;
  • 1 Propositioun vun der Revisioun vun der Verfassung;
  • 12 Aktualitéitsstonnen;
  • 8 Interpellatiounen;
Et goufen:
  • 146 Pressematdeelungen;
  • 26 Pressekonferenzen;
D’ADR hat 174 Entrevue mat verschiddene Beruffsverbänn a gesellschaftlechen Acteuren.
Deel dëse Post: