ADR-Norden: Optimistesch fir d’Zukunft!

De 7. Februar huet d’ADR-Norden hire Bezierkskongress zu Mäertzeg ofgehalen an eng ronn 30 Leit hunn de Wee dohinner fonnt. De Nord-President an ADR-Deputéierte Jeff Engelen kuckt a senger Ried op ee fir de Norden erfollegräicht Waljoer 2018 zeréck a setzt däitlech Akzenter, wat déi zukünfteg Ausriichtung vun der ADR-Norden ugeet. De Fernand Kartheiser geet a senger Ried op ethesch an ekonomesch bedenklech Entwécklungen an eisem Land an. Ofschléissend huet de Gast Gibéryen mat engem generellen Iwwerbléck iwwert déi politesch Aktualitéit d’Wuert un d’Leit geriicht.

 

 

 

Deel dëse Post: