ADR-Neijoerschpatt: Optimismus an däitlech Wierder dominéieren d’Ried vum President!

De 17. Januar hat d’ADR hiren traditionellen Neijoerschpatt, op deem dës Kéier iwwer 100 Memberen, um Cents am „Schwaarzen Haus“, zesummekomm sinn. Och d’Press war natierlech invitéiert ginn. Et war e ganz flotten Owend bei deem och Zesummenhalt demonstréiert gouf. De Parteipresident Jean Schoos huet virop net just e schéint neit Joer gewënscht, ma huet a senger Ried däitlech gemaach datt déi rezent partei-intern Meenungsverschiddenheeten konnte beigeluegt ginn. Elo géif zesumme no vir gekuckt. Un d’Regierung, war et den dréngenden Appel fir endlech den onmossege Wuesstëm ze bremsen. Gambia 2 misst onbedengt kucken datt Lëtzebuerg méi nohalteg wiisst wéi bis elo soss géif et geschwënn zum Kollaps kommen.Flott Biller vum Neijoerschpatt vun der ADR an déi ganz Ried vum Jean Schoos kënn Dir an der neier Sendung vun adr-Tëlee vum 17. Januar kucken, grad wéi de Neijoersch-Interview mam Gast Gibéryen.

Deel dëse Post: