ADR-Neijoerschpatt: Motivéiert fir d’Zukunft!

D’ADR war ee vun de Gewënner bei de Chamberwalen 2018. Optimistesch a voller Elan fir déi kommend Europawale start d’ADR an dat neit Joer. Mat positive Messagen, jonke Gesiichter an enger praxisnoer a konstruktiver Politik aus der Mëtt vun der Gesellschaft wäert d’ADR onbeirt weider fir hir Idealer kämpfen: e Lëtzebuerg, wou d’Leit mateneen an net géintenee liewen, en Europa vum de Natiounen an dem géigesäitege Respekt, e méi gerechte Walsystem, eng konsequent a rational Klimapolitik, e verstännege Wuesstems- a Gesellschaftsmodell, bei deem kee Mënsch lénks leie gelooss gëtt. 

Nieft deem politeschen Deel war den ADR-Neijoerschpatt vum 11. Januar um Cents awer och eng Geleeënheet, fir ënnert gudde Frënn op dat neit Joer unzestoussen. 

Andréck vum Neijoerschpatt 2019 um Cents

Deel dëse Post: