D’ADR war ee vun de Gewënner bei de Chamberwalen 2018. Optimistesch a voller Elan fir déi kommend Europawale start d’ADR an dat neit Joer. Mat positive Messagen, jonke Gesiichter an enger praxisnoer a konstruktiver Politik aus der Mëtt vun der Gesellschaft wäert d’ADR onbeirt weider fir hir Idealer kämpfen: e Lëtzebuerg, wou d’Leit mateneen an net géintenee liewen, en Europa vum de Natiounen an dem géigesäitege Respekt, e méi gerechte Walsystem, eng konsequent a rational Klimapolitik, e verstännege Wuesstems- a Gesellschaftsmodell, bei deem kee Mënsch lénks leie gelooss gëtt.
Nieft deem politeschen Deel war den ADR-Neijoerschpatt vum 11. Januar um Cents awer och eng Geleeënheet, fir ënnert gudde Frënn op dat neit Joer unzestoussen.
- ADR-Neijoerschpatt: Ried vum Parteipresident Dr. Jean Schoos (Video 13’57”).
- De Parteipresident huet och e puer Wuert iwwert d’Press zu Lëtzebuerg verluer (Extrait 1’05”).
Andréck vum Neijoerschpatt 2019 um Cents
Default Gallery Type Template
This is the default gallery type template, located in:
/var/www/clients/client0/web1/web/wp-content/plugins/nextgen-gallery/products/photocrati_nextgen/modules/nextgen_gallery_display/templates/index.php.
If you're seeing this, it's because the gallery type you selected has not provided a template of it's own.