ADR-Neijoerschpatt: De President ass optimistesch a fënnt kloer Wierder!

Den 12. Januar hat d’ADR hiren traditionellen Neijoerschpatt, op deem ëm déi 90 Memberen, um Cents am „Schwaarzen Haus“, zesummekoumen. De Parteipresident Jean Schoos huet net just e schéint neit Joer gewënscht, mee huet och op déi kommend Chamberwale gekuckt a wéi d’ADR an dës eragoe wëllt. De Jean Schoos ass sech sécher, datt Lëtzebuerg dëst Joer mat engem neie Walkampf-Genre konfrontéiert gëtt, deen ideologesch gepräägt si wäert. Och loossen d’Riede vun anere Parteien dorop schléissen, datt si, anescht wéi üblech, net méi fir sech an d’Wale ginn, mee als Gambia géint de Rescht.

De Parteipresident geet besonnesch op déi Themen an, déi fir d’ADR och an de Walen 2018 eng grouss Roll spille wäerten:
– Familljepolitik, déi de Familljen e reelle Choix bitt a wierklech am Interessi vum Kand handelt
– Sproochen- an Educatiounspolitik, déi gesellschaftlechen Zesummenhalt an eng Stäerkung fir d’Land a seng Bevëlkerung bréngen
– nohaltege Wuesstem, deen sech positiv op d’Land auswierkt, op d’Liewensqualitéit, de Wunnraum, d’Mobilitéit, d‘Ëmwelt asw.

Et war e gesellegen a gemittlechen Owend, fir e politescht Joer anzeleeden, dat kaum ee kamoud däerft ginn. De Parteipresident ass awer optimistesch an zielt op eng gutt Aarbecht an Zesummenhalt.

 

 

Deel dëse Post: