ADR-Nationalkongress 2013: “Eng Zukunft fir eis Jugend”

Den Nationalkongress vun der ADR huet de 17. Mäerz am Centre culturel Beaurepaire zu Bäerbuerg stattfonnt. Ënnert dem Slogan “Eng Zukunft fir eis Jugend” ass eng nei Parteispëtzt gewielt ginn. Den neie Nationalpresident heescht Jean Schoos, déi nei Vize-Presidente Michèle Retter a Carlo Kirsch an déi nei Generalsekretärin Liliana Miranda.

Déi éischt politesch Ried huet den Éierepresident Roby Mehlen gehalen. Duerno huet de Jean Schoos als demissionäre Generalsekretär an als Kandidat fir de Poste vun Nationalpresident d’Wuert ergraff. Nom Finanzbericht, dee vum Generalcaissier Jean-Claude Strottner virgeluecht gouf, huet sech och d’Liliana Miranda als Kandidatin fir de Poste vu Generalsekretärin virgestallt.

Den Deputéierte Gast Gibéryen ass a senger Interventioun, nieft der Budgets- a Finanzpolitik, op eng Rei aktuell Dossieren agaangen, wéi de Bommeleeër an de SREL. No senger Ried louch och d’Walresultat vir:

– Jean Schoos (Nationalpresident): 83 Jo-Stëmmen, 1 Neen-Stëmm

– Carlo Kirsch (Vize-President): 70 Jo-Stëmmen, 14 Enthalungen

– Michèle Retter (Vize-Presidentin): 77 Jo-Stëmmen, 7 Enthalungen

– Liliana Miranda (Generalsekretärin): 79 Jo-Stëmmen, 4 Neen-Stëmmen, 1 Enthalung

D’Marceline Goergen an de Roy Reding sinn d’lescht Joer als Vize-Presidente gewielt ginn a behalen och hire Posten. Den ADR-Nationalkomitee setzt sech iwwregens esou zesummen.

 

ADR-Nationalkongress: d’Fotoe sinn online

ADR-Nationalkongress: dem Roby Mehlen seng Ried

ADR-Nationalkongress: dem Jean Schoos seng Ried

ADR-Nationalkongress: dem Liliana Miranda seng Ried

ADR-Nationalkongress: dem Gast Gibéryen seng Ried

ADR-Nationalkongress: e puer Echoen aus der Press

Verpasst net déi nei Editioun vun ADR TV!

Deel dëse Post: