ADR-Kongress: Geschlossen, gestäerkt an net méi opzehalen!

Den Nationalkongress vum 20. Mäerz weist eng ADR, déi geschlossen wéi nach ni, gestäerkt a voller Optimismus ass. No néng Joer onermiddlechem Asaz fir d’Partei gëtt de Jean Schoos säin Amt als Präsident un de Fred Keup weider. An enger emouvanter Ried huet de Jean Schoos e Bilan vu senger Aarbecht gezunn: Honnerte vu Stonnen war hien fir d’ADR do, fir Walen ze präparéieren, fir mat senger Ekipp ze diskutéieren a fir onermiddlech Léisungen ze sichen, wéi Lëtzebuerg duerch eng staark ADR de Bierger vu Lëtzebuerg eng wierklech Alternativ bidde kann – e parcours sans faute. De Jean  Schoos hannerléisst eng Partei, wou sech säit sengem Untrëtt d’Zuel vun de ADR-Mandater an der Chamber verduebelt huet.

Déi däitlech verjéngt nei Ekipp kuckt elo optimistesch an am Hibléck op d’Super-Waljoer 2023 kämpferesch an d’Zukunft. Et war iwwerdeems en Nationalkongress vun den exzellente Rieden. An hiren Interventiounen hunn de Jean Schoos, Fred Keup, Sylvie Mischel, Jeff Engelen, Roy Reding a Michel Lemaire däitlech gemaach, firwat Lëtzebuerg an Zukunft net méi laanscht eng ADR kënnt. Eng Partei, déi sech konsequent fir d’Famill, fir e verstännege Wuesstem, fir d’Erhale vun eiser Kultur, Sprooch, vun eiser Natur a Grénglandschaften asetzt. Mat der ADR ass Schluss mat enger Politik, déi d’Liewe fir d’Leit andauernd méi deier mécht, mat der ADR ass Schluss mat enger Politik, déi eis Biotopen, Grénglandschaften an eis Natur schounungslos zerstéiert, mat der ADR ass Schluss mat enger Politik, déi d’Dignitéit vum Mënsch an d’Roll vun der Famill mat Féiss trëppelt. D’ADR ass d’Alternativ fir Lëtzebuerg!

Neie Parteipresident ass de Fred Keup, den Alex Penning bleift Generalsekretär, Generalkeesje bleift den Detlef Xhonneux an déi nei Vizepresidente sinn d’Pierrette Koehler, den Tom Weidig, den Dan Hardy an d’Alexandra Schoos.

Rieden:

De ganze Kongress kënnt Dir op der Facebook-Säit vun der ADR nokucken.

 

 

Deel dëse Post: