ADR-Kongress 2020: Mir sinn d’Partei vun der Zukunft!

Den ADR-Nationalkongress vum 11. Oktober war aussergewéinlech: Aussergewéinlech schéin, aussergewéinlech spannend, aussergewéinlech beréierend. D’ADR ass als Partei esou gutt opgestallt, wéi nach ni virdrun an d’Interventioune vun den eenzele Riedner hunn däitlech gemaach, datt d’ADR d’Partei vun der Zukunft ass: Eng Partei, déi net nëmme Politik fir d’Leit mécht, mee virun allem Politik mat de Leit mécht; eng Politik, déi onmëssverständlech a kloer ass; eng Politik, déi sech kompromësslos fir d’Famill a fir d’Dignitéit vum Mënsch asetzt; eng Politik, déi de Leit net arrogant a vun uewen erof diktéiert, wat si ze denken hunn; eng Politik, fir déi de Klima- an Ëmweltschutz Prioritéit huet, an dat ouni ideologesch Scheiklappen an ouni autoritären Dirigismus; eng Politik, déi sech kompromësslos fir d’Meenungsfräiheet a fir eng oppe Sträitkultur ausschwätzt; eng Partei, déi eng human a solidaresch Asyl- a Flüchtlingspolitik doduerch erreeche wäert, well si Gesetzer respektéiert, sech géint eng mënscheveruechtend Schleiserpolitik asetzt a keng Beméiunge scheit, fir de Mënschen an Nout erëm eng laangfristeg Perspektiv ze bidden.

Et ass och déi Partei, déi de Gast Gibéryen nieft couragéierte Leit, ewéi dem Roby Mehlen a Jeff Engelen matgegrënnt, matopgebaut a mat staark gemaach huet. Eng Partei, laanscht déi an Zukunft kee Wee féiere wäert, wa mir zu Lëtzebuerg erëm eng laangfristeg Politik, eng Politik vun der Gerechtegkeet an eng Politik vun der Liewensqualitéit féiere wëllen.

Hei fannt Dir d’Rieden am Eenzelen:

Esou goufe gëschter an der Däichhal dann och dräi Resolutiounen ugeholl (Klimaschutz, Asyl- a Flüchtlingspolitik, Logement), déi kloer Linne fir déi zukünfteg Politik vun der ADR virginn.

Et war dann och de leschte Kongress, un deem de Gast Gibéryen als aktiven Deputéierten deelgeholl huet. No iwwert 31 Joer Chamber-Politik geet hien an déi verdéngte Pensioun. Um Kongress gouf hie fir säin onermiddlechen Asaz fir d’Partei geéiert an zum Éierepresident ernannt; a well 40 Joer Gemengepolitik an iwwer 31 Joer Chamberpolitik e laangen Dag sinn, war et fir den déngschteelsten Deputéierten och e ganz emotionale Moment. Et war déi éischte Kéier, datt dem brilliante Rhetoriker Gast Gibéryen d’Wierder gefeelt hunn. Et war déi éischte Kéier, datt de Gast Gibéryen seng Tréinen net konnt zeréckhalen.

Et war de Moment, wou d’ADR mat Dankbarkeet op déi sëllege Jore vun der politescher Ausernanersetzung  zeréckkuckt. An et war de Moment, wou d’ADR mat enger grousser Opbrochstëmmung an d’Zukunft kuckt.

Hei fannt Dir e puer flott Andréck vum ADR-Nationalkongress vum 11. Oktober zu Ettelbréck an der Däichhal:

Deel dëse Post: