ADR-Kandidatin Nicky Stoffel am Staatsrot!

An engem geheime Vott huet d’Chamber haut, de 27. Februar, déi vun der ADR proposéiert Kandidatin Nicky Stoffel an de Staatsrot gewielt. D’ADR wënscht der jonker Affekotin alles Guddes a vill Erfolleg an där éierbarer a verantwortungsvoller Funktioun.

D’Nicky Stoffel ass 1974 gebuer an huet hiren Droits-Studium zu Stroossbuerg gemaach. Do huet si en D.E.S.S. Droit des Affaires, de Magistère Juriste d’Affaires franco-allemand, den Diplôme de Juriste Conseil d’Entreprise (DJCE) an de Maître en Droit des Affaires gemaach. D’Nicky Stoffel ass zënter 1999 Affekotin zu Lëtzebuerg an zënter 2001 ënnert anerem Formateur an der Chambre de Commerce. Si huet sech an der Haaptstad néiergelooss, wou si och hir Primär- a Sekondärsschoul gemaach hat. D’Nicky Stoffel ass bestuet a Mamm vu véier Kanner.

 

Deel dëse Post: