ADR ka Covid-Gesetz op e Neits net matdroen

D’ADR hëlt Covid-Situatioun eescht an et ass dann och d’Verantwortung vun der Politik dofir ze suergen, datt eis Spideeler net iwwerfëllt wäerte sinn a weiderhin normal fonctionéiere kënnen. Trotzdeem betount de Jeff Engelen a senger Interventioun vum 16. Dezember, datt d’ADR dat neit Covid-Gesetz net matdroe kann. Den onsënnegen 2G-Prinzip schléisst vill Leit ganz aus dem gesellschaftleche Liewen aus – an dat ouni all sanitär Logik. D’Grief an eiser Gesellschaft wäerte weiderhi wuessen. Och den 3G-Prinzip op der Aarbecht ass quasi gläichzesetze mat enger Impfflicht well grad déi Leit, déi an enger finanziell méi prekärer Situatioun sinn, sech d’Tester ganz einfach net méi leeschte kënnen – dat ass ganz einfach Ueleg an d’Feier geschott.

D’ADR begréisst ausdrécklech d’Méiglechkeet, datt sech d’Leit kënne séier an onkomplizéiert impfe loossen a fairerweis muss een och soen, datt dat déi lescht Wochen a Méint virbildlech geklappt huet. Mir sinn awer grad esou iwwerzeegt, datt drakonesch Bestrofungen net zu méi Akzeptanz bei den Impfunge féiert, mee grad, am contraire, d’Leit ofschreckt. Mir sollen an deem Sënn keng Politik géint d’Leit maachen, mee d’Leit mat an d’Boot huelen.

An deem Kontext huet den ADR-Nord-Deputéierten dann och eng Motioun deposéiert, an där hien d’Impfflicht ausdrécklech ausschléisst – e Prinzip, deen och d’Regierung bis elo ëmmer verdeedegt huet. Dofir léisst et ëm sou méi déif blécken, datt bis op d’ADR all d’Parteien dës Motioun verworf hunn.

 

Deel dëse Post: