ADR-Iesse fir d’Press: Eng gutt opgestallte Partei seet Merci!

 

De 6. Juli hat d’ADR an de Restaurant Clairefontaine invitéiert. Um Programm stoung dat traditionellt Presseiessen. De Gast Gibéryen huet am Numm vun der Partei (an der éischter Rei den Deputéierte Fernand Kartheiser, d’Stader Conseillère Marceline Goergen, de President Jean Schoos, den Deputéierte Roy Reding an de Südpresident Guy Bouchard) e puer aktuell Sujeten ugeschwat.

Natierlech war de Referendum nach ëmmer Sujet, wou d’ADR eng gutt a wichteg Roll gespillt huet. De Gast Gibéryen huet bekräftegt, datt d’ADR mat bestëmmten Ännerungen um Nationalitéitegesetz d’accord kinnt sinn an erklärt, firwat de Referendum d’ADR gestäerkt huet.

Zum Thema Verfassungsreform huet de Süd-Deputéierte gemengt, Lëtzebuerg hätt eng Verfassung an et sollt een elo keng Reform mordikus an dëser Legislatur maache wëllen.

An zum Thema Griicheland konnt de Gast Gibéryen un d’ADR-Positioun zënter dem Ufank vun der Kris erënneren: Eis Partei ass géint eng Transfert-Unioun, wou méi aarm Länner just mat Suen ënnert d’Äerm gegraff kréien, an d’ADR ass am Fall Griicheland och géint e Scholdeschnëtt, e falscht Signal fir verschëlte Länner an Europa. D’ADR fuerdert nach ëmmer, dass Griicheland aus der Eurozone austriede ka, fir sech ze sanéieren.

Mee nieft de ganz serieuxen Themen ass d’Presseiesse virun allem d’Geleeënheet fir e stressfräien a frëndleche Meenungsaustausch, an dovu gouf no dëser Ried ausféierlech profitéiert.

Deel dëse Post: