Alex Penning: ADR gutt opgestallt fir d’Nationalwalen

Gaascht op RTL Radio an um 100Komma7 war e Méindeg, den 12. Mäerz, den Alex Penning. Dat an enger “Fräier Tribün”, déi d’Regierung de Parteien all Kéiers op deenen zwee Radiosender gëtt. Den ADR-Generalsekretär Alex Penning huet do Stellung geholl zu den aktuellen Entwécklungen an der Partei an ass nach eemol op déi Kooperatioun agaangen, déi mam “Wee 2050” entstanen ass. Den Alex Penning huet op déi innovativ an demokratesch Aart a Weis insistéiert, wéi d’ADR hëlleft, engem wichtegen Deel vun der Zivilgesellschaft eng politesch Stëmm ze ginn. Thema war awer och, datt mam Maître Nicky Stoffel d’ADR hiren éischte Vertrieder am Staatsrot kritt huet.

Deel dëse Post: