ADR fuerdert: Keng méi héich Spritpräisser wéi an eise Nopeschlänner!

Wärend de vergaangenen zwee Joer hunn d’Präisser vum Bensinn, vum Diesel a vum Brennes ëmmer nei Rekordniveauen erreecht, an et schéngt sech keen Enn vun dëser Entwécklung unzedeiten. D’ADR erënnert drun datt eis däitsch Noperen d’Steieren um Bensinn an um Diesel ëm bis zu 30 Cent pro Liter erofgesat hunn. Mat der Konsequenz datt elo hei zu Lëtzebuerg de Präisniveau vum Bensinn a vum Diesel iwwert deem vun de Präisser an Däitschland läit. Wa mir méi en deiere Spritpräis wéi an eise Nopeschlänner hunn, da wierkt sech dat negativ op eise Staatsbudget aus. D’ADR fuerdert dofir datt d’Regierung endlech aktiv gëtt an e neie Gesetzprojet ausschafft, fir e Präismechanismus ze etabléieren, deen dofir suergt, datt d’Präisser fir déi eenzel Petrolsprodukter zu Lëtzebuerg, ëmmer ënnert dem bëllegste Präisniveau fir dee selwechte Produit an eisen Nopeschlänner läit.

Deel dëse Post: