ADR fuerdert Direkt-Hëllef fir Independanten, Kleng- a Mëttelbetriber!

Lëtzebuerg ass mëttlerweil eent vun de Länner op der Welt, wat ganz staark vun der Coronakris
betraff ass. D’Lëtzebuerger Regierung huet, zesumme mat alle Parteien, bis elo versicht déi Kris
beschtméiglechst ze geréieren.
Laut der Regierung sinn eis Staatsfinanzen an der Rei. Esou datt op Grond vun der Coronakris
weder Persounen nach Betriber op der Streck bleiwen dierfen. Mir musse leider feststellen datt op
Grond vun deenen Informatiounen déi mer vun den Independanten an och soss aus dem
Mëttelstand kréien, sech ganz grouss Problemer ubahnen, wa net elo direkt reagéiert gëtt. Et sti
massiv Aarbechtsplazen a Faillitten um Spill. Ganz vill Kleng- a Mëttel-Betriber riskéieren d’Faillite.
Leider si nach keng Hëllefe bei de Betraffenen ukomm.
Dofir verlaangt d’ADR datt d’Independanten a mëttelstänneg Entreprisen elo ganz séier ënnert
d’Äerm gegraff kréien. Déi elo decidéiert Direkt- Hëllef vun 2.500 Euro fir Independanten an déi
eemoleg Zomm vu 5.000 fir Betriber si nëmmen eng Drëps op de waarme Steen. Den ADRDeputéierte
Roy Reding huet lescht Woch schonn an der Chamber bedauert datt déi staatlech
Subventiounen integral zeréck bezuelt musse ginn, obschonn d’Betriber mat ganz zolitte Pertë
confrontéiert sinn.
D’Regierung muss elo direkt aktiv gi fir massiv Entloossungen an dëse Secteuren ze verhënneren!
D’ADR steet zu 100% hannert den aktuellen a berechtegte Fuerderunge vun der
Handwierkerkummer déi sech fir eng verstäerkten Direkt-Hëllef a géint e weidert Waarde bei der
Exit-Strategie ausgeschwat huet. All Woch vu “Lockdown” vergréissert déi wirtschaftlech
Schwieregkeete vun de Betriber nach. Och déi aner Proposë vun der Chambre des Métiers am
Kader vun engem 6 Méint-Plang fir aus der Kris erauszekommen, muss d’Regierung elo ëmsetze
grad wéi och d’Proposë vun engem nach méi laangfristege Plang duerno.
D’ADR proposéiert datt d’Regierung elo direkt domadder ufänkt d’Betriber an d’Independante
finanziell Hëllefen zoukommen ze loossen, et däerf net nach weider Zäit vergoen an déi
agereechten Demandë mussen direkt traitéiert ginn. D’Regierung soll, sou séier wéi méiglech, déi
wirtschaftlech Aktivitéiten erëm do zouloossen, wou dat ouni Risiko méiglech ass. Déi bescht
Hëllef fir déi Betraffen an de Staat ass déi, wann d’Handwierk an de Commerce nees séier schaffe
kënnen, dat natierlech ënner Applikatioun vun de virgeschriwwene Preventivmoossnamen.

Pressematdeelung vum 8. Abrëll 2020

Deel dëse Post: