ADR fuerdert: Bauschutt-Problematik dréngend léisen!

Am Kader vun der Froestonn un d’Regierung, huet de Fernand Kartheiser d’Regierung dozou opgefuerdert fir endlech eppes géint den Enkpass bei de Bauschuttdeponien z’ënnerhuelen.Op der enger Säit hätt de Manktem un Deponien en negativen Afloss op d’Bauaktivitéit, op der anerer Säit missten d’Camione vill Ëmweeër fuere wat e negativen Impakt op de nationale Klimabilan huet. De Problem wär bekannt, esou doropshin d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Op deenen nëmmen 10 Bauschuttdeponien am Land wär theoretesch nach genuch Capacitéit fir déi nächst 10 Joer. De Manktem un Deponië géif sech virun allem am Süde vum Land bemierkbar maachen. Eng Léisung wär, fir d’Ministesch déi, datt déi sektoriell Pläng ofgeschaaft gi fir nei Deponien ze schafen. Dat fir esou laanscht de Widderstand vun de Gemengen ze kommen am Fall wou nei Deponië geplangt ginn!

Deel dëse Post: