ADR erfreet iwwer gutt Resultat bei de Gemengewalen!

D’ADR weist sech erfreet iwwer hiert Resultater bei de Gemengewalen. Mir konnten eist Resultat am Verglach zu 2017 souwuel an de Prozenter wéi och an der Zuel vun de Sëtz däitlech verbesseren. Duerch déi exzellent Aarbecht vun eise Kandidaten um Terrain, der konstruktiver Oppositiounsaarbecht vun eise Gemengeréit an der grousser Ënnerstëtzung vun all eise Memberen ass et eis gelongen, fir d’Bierger vun eisen Iddien fir d’Organisatioun vum Zesummeliewe wärend den nächste Joren ze iwwerzeegen. Mir honoréieren dat Vertrauen andeems mir déi nächst sechs Joer mat vollem Asaz Verantwortung fir eis Gemengen iwwerhuelen.

D’ADR gratuléiert den alen an neie Gemengeréit:

  • Patrick Kohn – Beetebuerg
  • Michel Lemaire – Clierf
  • Rosella Spagnuolo – Diddeleng
  • Bernard Schmit – Esch-Uelzecht
  • Fernand Kartheiser – Käerjeng
  • Amilcar Caetano – Keel
  • Tom Weidig – Lëtzebuerg-Stad
  • Mara Schammo – Suessem
  • Jeff Engelen – Wëntger
Deel dëse Post: