ADR an der Regierung, wann de Wieler et wëllt, seet de Roy Reding

Wuesstem a Steierpolitik war e Problem, deen op der Table-ronde vun RTL ugepaackt ginn ass. De Roy Reding huet d’Finanzplaz verdeedegt, wéi Déi Lénk eng méi staark Besteierung vun den Investmentfonge gefuerdert hunn. Et war e kuerzen Tour de Table iwwert d’Haaptsujete vun der Walkampagne … Wunnengsbau, Landesplanung, Kritik um ëffentlechen Transport … an ebe Steieren. Um Wieler, de 14. Oktober säi Choix ze treffen.

Deel dëse Post: