ADR a Pirate mat engem technesche Grupp an der Chamber

D’Reglement vun der Chamber gesäit fir, datt zwou Parteien kënnen en technesche Grupp grënnen. Dat ass demokratesch well et béid Formatiounen erlabt, hir Aarbecht besser an ënner bessere Konditiounen ze maachen, ouni datt et si forcéiert, politesch zesummenzeschaffen. Tatsächlech hu si méi Riedzäit, méi Matsproocherecht an de Kommissiounen a méi Méiglechkeeten, wéi wa si als “politesch Sensibilitéite” géinge getrennt Weeër goen. Genee dat hunn ADR a Pirate beschloss, zesummen an der Chamber ze maachen. Datt déi ganz natiirlech verwaltungstechnesch Allianz fir vill Gespréich an der Press an op de soziale Medien géing suergen, war virauszegesinn.

Pressestëmmen zu dëser Kooperatioun

Deel dëse Post: