ADEM-Sproochentester “ouni Kapp a Schwanz”

D’ADEM bitt Online-Sproochentester un, déi de Qualificatif “haarsträubend” verdéngen. De Jeff Engelen an d’Alexandra Schoos hunn dozou e puer Froen un d’Regierung.

Fro:

Op der Homepage vun der ADEM liest ee betreffend d’Sproochentester, déi si de Leit, déi eng Aarbecht sichen, ubitt:

« Tous les demandeurs d’emploi s’inscrivant à l’ADEM doivent, depuis le 4 juillet [2023], passer des tests en ligne, dans les langues qu’ils ont déclaré pratiquer lors de leur inscription. Les quatre principales langues du marché de l’emploi sont concernées :  luxembourgeois, français, allemand et anglais. (…) L’offre sera étendue au fur et à mesure à l’ensemble des demandeurs d’emploi inscrits. Son principal objectif est de favoriser une évaluation objective et uniformisée du niveau de langues des demandeurs d’emploi – alors que celui-ci repose actuellement sur les déclarations faites lors de l’inscription. (…) Ce nouveau service offre de nombreux avantages, pour l’ADEM et pour les demandeurs eux-mêmes. Son atout incontestable est de fournir une évaluation de niveau fiable et conforme au CECRL* (Cadre européen de référence pour les langues), avec des compétences allant du niveau A1 (élémentaire) à C2 (expérimenté). Il convient de noter que les demandeurs d’emploi qui fournissent à l’ADEM un certificat officiel de niveau CECRL, daté de moins de deux ans, pourront être dispensés de passer le test dans la langue concernée. »

D’Tester ginn ausschliisslech online ugebueden an duerchgefouert. Eis goufen an deem Zesummenhang Echantillone vun dësen Tester zoukomme gelooss, déi opgrond vun de sëlleche gravéierende Sprooch- a Sënnfeeler, déi si enthalen, Froe betreffend d’Qualitéit a Seriositéit vun den Tester opwerfen. Sou kritt ee beispillsweis follgend Froe gestallt:

  • « Le journaliste est libre, [Sélectionnez la réponse ci-dessous] al de Schauspiller démolit la guerre. » Proposéiert Äntwerten : « firwat » / « wéi » / « wéi vill » / « ob »
  • « Que pensez-vous de la ville et de Neie Buttek ? Si vous êtes originaire du präiswäert Saachen do. Et le cul est wierklech [Sélectionnez la réponse ci-dessous], pour cuisiner, c’est parti. » Proposéiert Äntwerten : « onnëtz » / « onbedéngt » / « deier » / « derrière »
  • « Et je vais vous donner des idées haut placées sur Internet. Mee vill Leit, déi bis eloëmmer [sic] bei Hirem Reesagent gebucht hunn, bleiwen deem och weiderhin trei an änneren hir [Sélectionnez la réponse ci-dessous] pour le filet de pêche. » Proposéiert Äntwerten : « Destination » / « Gwunnecht » [sic] / « Catégorie de prix » / « Vacances »

An deem Kontext hu mir follgend Froen un d’Regierung:

  • Ween ass fir d’Erstellung, Iwwerpréiwung a Mise en ligne vun de Sproochentester vun der ADEM verantwortlech?
  • Wéi eng Qualifikatiounen hunn d’Persounen, déi dës Tester erstellen oder redigéieren?
  • Gëtt et e Qualitéitssécherungssystem, fir Feeler an der Grammaire, Syntax, Orthografie oder am Inhalt ze vermeiden?
  • Wéini goufen d’Tester fir d’Lescht iwwerschafft an op Korrektheet gepréift?
  • Gouf externt Fachpersonal (z. B.  Linguisten, Lëtzebuergesch-Enseignanten) zwecks Iwwerpréiwung vun den Tester erugezunn? Wann nee, firwat gouf dat versäumt?
  • Gouf et scho Reklamatioune betreffend feelerhaft oder mëssverständlech Testfroen? Wa jo, wéi ass d’ADEM domat ëmgaang?
  • Kënnen Testresultater contestéiert ginn, wann nogewise gëtt, dass Testinhalter feelerhaft waren?
  • Wéi gëtt séchergestallt, dass d’Testbewäertung objektiv an novollzéibar ass, wa schonns d’Testfroe feelerhaft sinn?
  • Ass en Iwwerschaffen oder e kompletten Austausch vun den Testmaterialie geplangt? Wa jo, bis wéini?
  • Wéi gëtt an Zukunft séchergestallt, dass d’Sproochentester dem héijen Usproch u sproochlech Korrektheet gerecht ginn?
  • Wéi eng Bedeitung moosst d’Regierung dem Lëtzebuergeschen als Integratiounssprooch bäi – a wéi passt dozou d’Qualitéit vun dësen Tester?

Äntwert:

Remarque préliminaire :
Déi genannten Beispillfroen aus der parlamentarescher Fro sinn keng reel Froen aus dem Échantillon vun der ADEM; d’Inkoherenzen sinn hei héchstwahrscheinlech entstanen, well déi concernéiert Kandidaten während den Tester en automateschen Iwwersetzungspogramm genotzt hunn (cf. Äntwerten op d‘Froen
N°8 an N°10).

Fro N°1: Ween ass fir d’Erstellung, Iwwerpréiwung a Mise en ligne vun de Sproochentester vun der ADEM verantwortlech?
D’Firma „Altissia International SA“ ass fir d’Erstellung, Iwwerpréiwung a Mise en ligne vun de Sproochentester vun der ADEM zoustänneg.

Fro N°2: Wéi eng Qualifikatiounen hunn d’Persounen, déi dës Tester erstellen oder redigéieren? All d‘Sroochentester sinn vun Experten an der Pädagogik oder an der Évaluatioun mat folgendem Profil
erstallt:
• Spriecher mat als Mammnesprooch d‘Sprooch vum Test;
• Master- oder Doktorat-Diplom an Sproochen, Pädagogik oder linguistescher Évaluatioun.
Niewt de strengen Rekrutéierungskritären sinn all „Item-Autoren“ verpflicht, e strikten Formatiounsprogramm matzemaachen.
D’Formatioun beinhalt eng Kombinatioun vun explikativen Videoen, Dokumenter, Questionnairen an Exercicer, déi d’Item-Autoren duerchlafen, wat zu der Entwécklung vun Échantillonen féiert, déi vun der
Firma „Altissia International SA“ evaluéiert ginn.
D’Createuren sinn begleet an ënnerstëtzt vun den „Altissia International SA“ Sproochkoordinatoren, déi och pädagogesch Experten sinn, déi mindestens en Master-Diplom an den selwechte Beräicher hunn.

Fro N°3: Gëtt et e Qualitéitssécherungssystem, fir Feeler an der Grammaire, Syntax, Orthografie oder am Inhalt ze vermeiden?
D’Sproochentester ginn an engem rigoréiesen Prozess an e puer Etappen ausgeschafft. An enger 1. Phas ass et d’Konzeptioun vum Test, wou déi verschidden Elementer a Kategorien agedeelt ginn. Dat erlaabt ze garantéieren, dass déi verschidden Zorten vu Froen, Niveauen an Objektiver gläichméisseg verdeelt ginn während der Sproochen-Évaluatioun. An enger 2. Phas creeéieren d’Redakteren déi verschidden Elementer en Fonctioun vun den Zieler déi definéiert gi sinn; als éischt gëtt en Échantillon creeéiert, deen validéiert gëtt. Duerno fiirt den Redakter weider mat der Créatioun vun de reschtlechen Elementer.
An der 3. Phas ginn d’Elementer kontrolléiert vun enger Persoun, där hir Mammesprooch d’Sprooch vum Test ass. Duerno ginn d’Konklusiounen mat de Verbesserungsvirschléi un de Redakter zeréck geschéckt. An der 4. Phas validéieren de Redakter an e pädagogeschen „Lecteur“ all d’Elementer iert eng lescht Persoun, déi als Mammesprooch d’Sprooch vum Test huet, dësen vun engem linguisteschen Standpunkt
aus iwwerliest. De Sproochentest gëtt reegelméisseg iwwerlies, fir all potentiell sensiblen Inhalt z’évitéieren. Éier d’Tester „en ligne“ gesat ginn, ginn se nach eng Kéier vu Pädagogen an aneren Testpersounen op eventuell Anomalien getest.
D’Validitéit vum Test baséiert op sénger Relatioun mam CECRL (Cadre européen commun de référence pour les langues), an dat op Basis vu statisteschen Analysen vun Experten.

Fro N°4: Wéini goufen d’Tester fir d’Lescht iwwerschafft an op Korrektheet gepréift?
D’Analys vun den Testelementer gëtt jäerlech duerchgefouert, fir d’lescht am Dezember 2024.

Fro N°5: Gouf externt Fachpersonal (z. B. Linguisten, Lëtzebuergesch-Enseignanten) zwecks Iwwerpréiwung vun den Tester erugezunn? Wann nee, firwat gouf dat versäumt? All lëtzebuergeschen Inhalt gouf vun Sproochexperten vum INLL (Institut National des Langues de Luxembourg) erstallt; dëst no den uewe beschriwwenen Kritären an Normen. Déi linguistesch Korrekturliesung gouf vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) assuréiert.

Fro N°6: Gouf et scho Reklamatioune betreffend feelerhaft oder mëssverständlech Testfroen? Wa jo, wéi ass d’ADEM domat ëmgaang?
Am Fall vun enger Inkohärenz am Test kontaktéiert de Kandidat d’ADEM, déi him detailléiert Erklärungen ubitt. Eng nei Geleeënheet fir den Test ze maachen gëtt proposéiert, fir eng genau a gerecht Bewäertung ze garantéieren.

Fro N°7: Kënnen Testresultater contestéiert ginn, wann nogewise gëtt, dass Testinhalter feelerhaft waren?
Aarbechtssichender hunn d’Méiglechkeet en Test nach eng Kéier ze maachen, wann sie mengen, datt d’Resultater hir Kompetenzen net reflektéieren oder wann hire Beroder op der ADEM eng siginfikativ Inkohärenz feststellt. D’ADEM engagéiert sech fir all gemellte Problem z‘iwwerpréiwen, mam Zil zouverlässeg a fair Bewäertunge fir all Kandidat ze garantéieren. Fir Leit, déi keen Zougang zu engem Telefon, Tablet oder Computer hunn, stellt d’ADEM Computer zur Verfügung, vu Méindes bis Freides vun 8 bis 12 Auer.

Fro N°8: Wéi gëtt séchergestallt, dass d’Testbewäertung objektiv an novollzéibar ass, wa schonns d’Testfroe feelerhaft sinn?
D’Objektivitéit an d’Zouverlässegkeet vun den Evaluatioune ginn duerch rigoréis Prozeduren assuréiert. Wann allerdëngs en automateschen Iwwersetzer benotzt gëtt, kënnen d’Resultater verfälscht sinn. Fir dëst ze behiewen, informéiert d’ADEM d’Kandidaten iwwer d’Noutwennegkeet, all automateschen Iwwersetzer virum Test ze desaktivéieren an offréiert, wann néideg, e neien Test no den Erklärungen un.

Fro N°9: Ass en Iwwerschaffen oder e kompletten Austausch vun den Testmaterialie geplangt? Wa jo, bis wéini?
Aktuell ass keng Revisioun oder kompletten Ersatz vum Testmaterial néideg, well d’Tester schonn héijen Qualitéits- an Zouverlässegkeetsnormen entspriechen. D‘ADEM garantéiert, datt d’Integritéit vun den Évaluatiounen duerch regelméisseg Kontrollen a Benotzerfeedback erhale gëtt.

Fro N°10: Wéi gëtt an Zukunft séchergestallt, dass d’Sproochentester dem héijen Usproch u sproochlech Korrektheet gerecht ginn?
D’Sproochentester vun der ADEM, entwéckelt vun „Altissia International SA“, entspriechen schonn rigoréise Standarde vu sproochlecher Genauegkeet, dank dem Ausschaffen vun Experten an enger regelméisseger Analys vun de Resultater. Fir hir Zouverlässegkeet ze garantéieren, ginn d’Kandidaten systematesch virum Ufank vum Test iwwer d’Verpflichtung informéiert, all automateschen Iwwersetzer ze desaktivéieren. Dës Moossnam, kombinéiert mat kontinuéierlecher Iwwerwaachung vun der Testleeschtung, suergt fir präzis Bewäertungen, déi un d’Bedierfnesser vum Lëtzebuerger Aarbechtsmaart
ugepasst sinn.

Fro N°11: Wéi eng Bedeitung moosst d’Regierung dem Lëtzebuergeschen als Integratiounssprooch bäi – a wéi passt dozou d’Qualitéit vun dësen Tester?
Selbstverständlech erkennt d’Regierung dem Lëtzebuergeschen eng zentral Roll als Integratiounssprooch un. Deementspriechend respektéiren d’Tester vun der ADEM héich Qualitéits- an Zouverlässegkeetsnormen.

Luxembourg, le 2 septembre 2025
(s.) Georges MISCHO
Ministre du Travail

 

Deel dëse Post: