Engagéiert fir e gutt funktionéierenden Adapto-Transport!

D’Reform vum Adapto-Transport verleeft ganz problematesch. D’Notzer vun dësem Transport musse nämlech e neit Abonnement ofschléissen an et solle schonn eng ganz Rei Demande refuséiert gi sinn. De Jeff Engelen well mat enger parlamentarescher Fro fir Kloerheet suergen. Den Nord-Deputéierte hat den 11. Februar de Minister och direkt an der Chamber iwwert d’Mëssstänn beim Adapto-Transport opmierksam gemaach.

Deel dëse Post: