ACRE-Spëtzekandidat Jan Zahradil bei der ADR

De Jan Zahradil ass Kandidat fir de Poste vum EU-Kommissiounspresident. Hien ass nämlech Spëtzekandidat vun der ACRE (Alliance of Conservatives an Reformists in Europe), zu där och d’ADR gehéiert. D’ACRE ass eng Famill vu konservativen a reformistesche Parteien, déi 2009 vun de britesche Konservative gegrënnt gouf. Si stellt aktuell déi drëttgréisst Fraktioun am Europaparlament. Den tschecheschen Europadeputéiertte Jan Zahradil, deen zanter 2004 zu Stroossbuerg sëtzt, war zu Lëtzebuerg fir eng Pressekonferenz vun eiser Partei an huet sech et net huele gelooss, mat de sechs Kandidate vun der ADR zesummenzekommen. 

 

 

Si verbënnt d’Frëndschaft aus der gemeinsamer Parteiefamill an ee Message: Fir en Europa vun de Natiounen! Well et féiert kee Wee derlaanscht: Wa mir Europa wëllen aus senger déiwer Kris huelen, da geet dat nëmme, wa mir de Länner an hire Bierger nees eng Stëmm ginn. Fir datt Mënsche sech an Europa nees erëmfannen!

Deel dëse Post: