[BEÄNTWERT] Accouchement anonyme

Anonym Gebuert: Kanner sollen hir Eltere kënne kenne léieren (rtl.lu)

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Familljeministesch weiderzeleeden.

Zënter 1975 besteet zu Lëtzebuerg d’Méiglechkeet vun der anonymer Gebuert (accouchement sous x). D’Gesetz, wat deemools gestëmmt gouf, hat an huet nach ëmmer als Zil, datt et am Kader vun enger ongewolltener Schwangerschaft net zu enger Ofdreiwung, mä zu enger Adoptioun kënnt.

Déi national Ethikkomissioun huet schonns am Joer 2000 drop higewisen, datt verschidde Dispositioune vun deem Gesetz net onproblematesch sinn. Den Artikel 7, Paragraph 1 vun der Kannerrechtskonventioun gesäit nämlech vir, datt e Kand esou wäit wéi méiglech e Recht drop huet, seng Eltre kennenzeléieren a vun hinne betreit ze ginn. Am Joer 2009 huet déi national Ethikkommissioun an engem weideren Avis bedauert, datt d’Regierung där Bemierkung net Rechnung gedroen hätt.

Dowéinst wéilt ech der Madame Ministesch dës Froe stellen:

  1. Wéi vill anonym Gebuerte goufen zënter 2009 pro Joer zu Lëtzebuerg registréiert?
  2. Ass d’Madame Ministesch net der Meenung, datt d’Gesetz, dat den Accouchement anonyme erlaabt, géint den Artikel 7, Paragraph 1 vun der Kannerrechtskonventioun verstéisst?
  3. Huet d’Madame Ministesch wëlles demnächst e Gesetzesprojet ze deponéiere fir d’Gesetz, dat den Accouchement anonyme erlaabt, ze reforméieren? Wa jo, a wat fir engem Delai? Wa neen, firwat?
  4. Déi national Ethikkommissioun huet an hirem Avis vum Joer 2000 eng Rei konkret Léisunge virgeschloe fir de Prinzip vun der anonymer Gebuert mam Artikel 7 vun der Kannerrechtskonventioun ze conciliéieren. Huet d’Madame Ministesch eng Präferenz fir eng vun deene Pisten?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Madame Octavie Modert, Ministre de la Justice; Monsieur Marc Spautz, Ministre de la Famille et de l’Intégration

Deel dëse Post: