Abtei Neimënster tëschent Israel a Palestina: zwou Moossen an zwee Gewiichter?

D’Abtei Neimënster ass e wichtegt Kulturinstitut dat vum Staat ënnerstëtzt gëtt, z.B. mat 3,2 Milliounen Euro  Budget fir 2018. Hiren Optrag ass e kulturellen a kee politeschen. Eng besonnesch Sensibilitéit fir d’Perceptioun ze verhënneren, datt e Kulturinstitut géing eng bestëmmte politesch Positioun anhuelen, gehéiert also zu der responsabeler Féierung vun esou enger ëffentlecher Institutioun.
An der Abtei Neimënster kritt de „Comité pour une paix juste au Moyen Orient“ Säll zur Verfügung gestallt an deenen hien och Evenementer ubitt. Déi Net-Regierungsorganisatioun (NRO) ass dofir bekannt, datt si d’Politik vum Staat Israel kritiséiert. Gläichzäiteg huet d’Abtei Neimënster eng Konferenz vun deem bekannten däitsche Journalist an No-Ost Korrespondent Ulrich W. Sahm refuséiert zum Thema: “Problematik der Bestrebungen von islamischen Akteuren die kulturellen, historischen und religiösen Beziehungen zwischen Judentum und dem Land Israel zu marginalisieren und in Frage zu stellen”.
Zwou Moossen an zwee Gewiichter? An deem Zesummenhang huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser en Rei Froen un de Kulturminister gestallt, wéi z.B: : “Ass den Här Kulturminister der Meenung, datt dat Verhale vun der Abtei Neimënster kann als eesäiteg politesch Stellungnam zugonschte vun israelkritesche Mouvementer consideréiert ginn an d’Ausschléisse vun anere Meenungen dohier als en antisemiteschem Akt muss consideréiert ginn?”

De Kulturminister bleift bei sengen Äntwerten ganz allgemeng a geet net wierklech op déi wichteg Kritikpunkten an. Schued!

Deel dëse Post: